Skip to contentSkip to footer

Frënn vun den Houwalder Guiden a Scouten asbl
Frënn vun den Houwalder Guiden a Scouten asbl

Log in

Image

23.06.2021

Bëschfest 2021

Image

17.12.2017

Kéisowend 20.11.2017

View more

D' "Frënn vun den Houwalder Guiden a Scouten" ass d'Amicale, déi 1973 nei gegrënnt gouf. Deemools hat sech e Grupp vun Leit, haaptsächlech Eltere vun de Scouten, zesummefonnt a sech als Zil gesat e Chalet fir d'Scoute opzeriichten. Wann dat deemools fir d'Scoute war, dann aus dem Grond, well d'Guiden um Houwald eréischt méi spéit derbäi koumen.

D'Haaptaufgab vun de Frënn ass dem Grupp déi materiell, finanziell a representativ Suergen ofzehuelen, sou dass d'Cheftainen an d'Chef sech ausschliisslech hirer Erzéiungsaarbecht duerch flott Aktivitéite widme kënnen.

D'Statute vun de Frënn sinn esou ausgeknobelt, datt d'Frënn de Guiden a Scouten eng Stëtz sinn, ouni sech dofir an hir spezifesch Aktivitéiten anzemëschen.